Ein Eintrag im Luxemburg-Forum von unserem jm_aalen:
Genauso rede ich auch immer wenn ich voll bin!
"...get, ganz am Geigensaatz zu eiser U20 am Moment en laecherlecht Bild of.
Daat faenkt un bei de Resultater, geet weider mat der Oeffentlechkeetsarbecht vun eisem Nationaltrainer an haelt op bei der Taktik an der Zesummensetzung vun eisem Kader.
- et kann net sinn das mier Nationalspiller hun, dei an CPU Teams sin. Dei hun vleit en groussen Marktwert, mais daat ass net alles. Fierwaat ging keng Spiller gehol dei zumindest an engem Klub sin wou se traineiert gin. Dann eben Spiller huelen, dei vleit net esou gudd sin, mais dei zumindest evolueieren.
- mir verleieren d'Maetcher mat 7, 8 Goaler ennerscheed mais eis Stemmung ass bei irriteiert. Wann mer schon Cadeau'en an der ganzer Welt verdeelen, dann sollen eis Spiller weinstens Spass derbei hun an d'Stemmung e besse besser wei irriteiert sin.
- eis Nationalequipe spillt all Woch e Maetch, mais daat get een awer och just gewuer wann een zoufelleg kuckt ob se gespillt hun. Vun engem Thread hei am Forum keng Spuer, geschweige dann Explication an Erklaerungen zuer Taktik an Opstellung.
Ok, dann Responsablen ass elo mol vun eis oder sengen Kollegen gewielt ginn, daat kennen mer net mei aenneren. De Retard deen mer haaten well mer en neit Land gin ass nach mei grouss gin, an et waert immens schweier gin, dei 2 verlueren Saison'en erem opzehuelen... mais ech fannen et ass an der Zeit dass mer awer un dei Zeit am November (wann en neien Trainer gewielt get) denken.
Schon alleng bei mier um Bezierk sin op mannst 2 Manager (mac99, waterwalker) dei mat Secherheet en vill besseren Job gemeet haetten wei et dei lescht Wochen geschidd ass. An ech wetten an aaneren letz. Bezierker tummelen sech och nach aaner kompeten Manager dei d'Potential hun des Aarbecht ze maachen an deenen secher meii drun leit wei just den Titel "Nationaltrainer".
Ech selwer hun net genug Zeit fier et esou serieux ze maachen wei daat neideg wier, mais bei deenen naechsten Waahlen geif ech all letztebuergeschen Manager den e bessi kompetent ass, ennert d'Haenn greiffen an him bei senger schweierer Aarbecht hellefen wann hien Hellef breicht. Ech hoffen dass nach aanerer do sin, dei en bessi vun hierer Zeit weilten investeieren, well dann kennten mer zesummen en neien Trainer eraussichen, zesummen en neinen Trainer wielen an zesummen drun schaffen dass eis A Equipe zumindest mol op de Niveau vun eiser U20 kennt. Well esou maachen mer eis nach mei laecherlech wei et eis richteg FLF ennert dem Roemer gemeet huet."